Si si Schwësteren, dierfen awer just duerch e Gitter matenee kommunizéieren. D'Maria an d'Unidad liewen um Cents am Centre spirituel am Klouschter.

D'Maria de Pentecostes ass eng jonk argentinesch Missionärin. Hir Schwëster, d'Unidad ass eng kontemplativ Nonn a lieft am selwechte Klouschter um Cents.

Wéi si hei liewen, wat si maachen, dat kann een e Sonndeg an eiser Serie "routwäissgro" gesinn. D'Episod "Schwësteren" ass iwwert Famill, Léift a Sacrifice. A geheit en intime Bléck hannert d'Mauere vun engem Klouschter.