Am Alter vu 77 Joer ass de bekannten US-Bluespianist Dr. John gestuerwen.

Wéi d'Famill matdeelt, ass de sechsfache Grammy-Gewënner aus New Orleans en Donneschdeg no engem Häerzinfarkt gestuerwen.

De Museker mat der rauer Stëmm war bei Jazzfestivallen op der ganzer Welt zu Gaascht. Am Laf vu senger Carrière war hien an de Beräicher Blues, Jazz, Pop, Boogie Woogie, Rock 'n' Roll, Psychedelic Rock a Funk doheem.

De Malcolm John McRebennack, wéi den Dr. John mat richtegem Numm heescht, hat och mat Drogeproblemer ze kämpfen a war dowéinst oh eng Zäit laang am Prisong.