Eng Studentin vun der Uni Mannheim beschäftegt sech an hirer Masteraarbecht mat der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg a sicht nach Fräiwëlleger.

"Sproochen zu Lëtzebuerg" ass de Sujet vum Regina Stölben senger Masteraarbecht op der Universitéit zu Mannheim.

Fir doriwwer eppes gewuer ze ginn, huet d'Studentin e kuerz Froebou online gesat, fir deen ee 5 bis 10 Minutte brauch - natierlech geet et ëm de Sproochgebrauch hei am Land:

Luxemburg ist geprägt von Mehrsprachigkeit: Die Menschen, die dort leben, nutzen täglich verschiedene Sprachen. Doch wie denken sie eigentlich über ihren sprachlichen Alltag? Welche Einstellung haben sie zu den Sprachen, die sie täglich sprechen, und in welchen Bereichen kommt besonders die deutsche Sprache in Luxemburg vor? Diese Fragen sollen mithilfe dieses Fragebogens untersucht werden.

D'Regina Stölben freet sech iwwer jiddereen, dee matmécht an hir esou beim Erhiewe vun Donnéeën hëlleft - natierlech anonym a just fir d'Fuerschung.

Bis de 15. Juni dierften d'Froe mol nach online sinn.