Um Daach vun de Foireshale bei der Porte de Versailles zu Paräis entseet aktuell dat gréisste Street-Art-Konschtwierk an Europa.

De Kënschtlerduo Ella & Pitr schafft un engem Bild sou grouss wéi 4 Futtballterrainen, dat ee just vun enger Aussiichtsplattform um Daach vun den Halen oder am Internet gesäit.

De Moment besteet d'Wierk aus rouden, bloen a wäisse Flächen, et soll Uganks nächst Woch fäerdeg ginn. Mam 2,3 Hektar grousse Bild wëll den Duo hiren eegene Rekord briechen, dee si 2015 mat engem anere Bild an Norwegen opgestallt haten.

Op der Sich no grousse Flächen hate sech déi 34 an 37 Joer al Kënschtler d'lescht Joer ëmmer méi op Diech spezialiséiert.

Zu Paräis soll e Motiv entstoen, dat schonn dacks benotzt gouf: Eng eeler Damm, déi sech vum Daach aus d'Hektik vun der Stad ukuckt. Besonnesch markant fir déi franséisch Haaptstad: D'Bild gëtt vun enger sechsspureger Autobunn zerschnidden.

Domat soll Beweegung an d'Bild kommen, sou Elle & Pitr. Hiert Wierk soll ureegen a net "bequem a wootlech sinn, wéi bei dekorative Wandbiller u Gebaier, déi just der Moud hannendrulafen a Froen iwwer d'Zukunft vun der Street Art opwerfen.

D'Konschtwierk soll op de sozialen Netzwierker wéi Instagram verbreet ginn. Fotoe solle mat Hëllef vun enger Dron entstoen, déi och e Video soll ophuelen.