Zwou Lëtzebuerger Kënschtlerinne féieren den Ament am Kulturhaus zu Nidderaanwen eng multimedial Ausstellung mam Numm "Sea Dream Avenue".

De Salton Sea, dee mat 1000 Quadratkilometer dee gréisste Séi a Kalifornien ass, war am 20. Joerhonnert net just eng beléifte Vakanzendestinatioun fir Stare wéi de Frank Sinatra an d'Beach Boys, mee och e Naturparadies fir vill Déieren.

Haut steet de Séi fir eng vun de gréissten ökologesche Katastrophen an den USA. Eng Ausstellung vun zwou Lëtzebuerger Kënschtlerinnen, déi den Ament am Kulturhaus zu Nidderaanwen ze gesinn ass, beliicht déi aktuell Situatioun ëm de Salton Sea.

Déi multimedial Expo "Sea Dream Avenue" dokumentéiert déi visuell Realitéit vun der moderner Geschicht vum Salton Sea, eng eenzegaarteg Plaz am Süde vu Kalifornien, wou d'Martine Pinnel an d'Mélanie Planchard sech 2018  fir 6 Wochen néiergelooss hunn, fir dës besser kennen a verstoen ze léieren.

Amplaz vu Schéinen a Räiche fënnt een um Bord vum Salton Sea haut dausende vu Fëschkadaveren. Zanter de 70er Joren ass de Séi um verdonsten an hannerléisst duerch Arsen a Pestizide verseuchte Buedem.

Mat hirem Projet wëllen déi zwou Kënschtlerinnen de Public op déi dramatesch Suitte vun dëser Entwécklung opmierksam maachen.

Et war deenen zwee awer och wichteg ze weisen, dass des Géigend trotz allem och säi Charme huet.  Den 12-minüttege Kuerzfilm, fir dee si 7 Leit an hirem Alldag begleet hunn, gëtt en intimen Abléck an d'Liewen, dat sech ronderëm de Séi ofspillt.