D’Wonderfair ass destinéiert fir jiddereen, dee gären exzeptionell an extravagant Objete kuckt an och mol keeft.

D'lescht Woch huet et an der Abtei Neimënster geglitzert a geblénkt. Déi éischt Editioun vun der Wonderfair huet honnerte Leit empfaangen. Virleefer vun dëser Foire ass d'Watchfair gewiergt, déi zanter 2015 ganz speziell an exzeptionell Auere wärend zwee Deeg dem Public presentéiert huet. Dëst Joer ass dës Foire dann ausgebaut ginn a gewise goufen net nëmmen Aueren, ma och Bijouen, Autoen, Konschtwierker, Antiquitéiten an nach villes méi.

D’Wonderfair ass destinéiert fir jiddereen, dee gären exzeptionell an extravagant Objete kuckt an och mol keeft. Alles, wat hei gewise gëtt, ass op seng Aart a Weis e Konschtwierk a wëll och direkt vum Createur un de Client vermëttelt ginn. Et geet net ëm den Objet sëlwer, mee ëm de Prozess dohannert – vun der Iddi bis zum fäerdege Produit.  Am léifsten erzielt de Createur seng Geschicht hannert dem Objet sëlwer. Vill international, ma och national Exposante ware present fir hir Creatiounen dem exklusive Public ze weisen. Eran koum een nëmme per Invitatioun oder wann een am Virfeld een Ticket kaf huet, dee scho mol gären 100 Euro kascht huet. Ma do banne fënnt een dann awer och alles, wat ee sech als Luxus-Fan wënsche kann, sief et fir de Mann oder d’Fra.