Hei zu Lëtzebuerg ass e wuel deene meeschte Leit e Begrëff. Zu Dubai wahrscheinlech manner: de Roude Léiw.

Schonn zanter dem 13. Joerhonnert steet en als Symbol fir Lëtzebuerg an dat net nëmmen als Wopendéier.

Zwee Kënschtler hu sech elo mat engem ganze Koup Schüler zesumme gesat, fir en nei ze interpretéieren, dat mam Zil, d'Resultat op der Welt-Expo zu Dubai 2020 auszestellen.

Wat dobäi erauskoum verrode mir Iech elo schonn, well mir ware bei de Preparatioune vun hirem Vernissage dobäi a goufen dunn och gewuer, wéi déi Jonk hei am Land de Roude Léiw gesinn.