Well Metallica "Viva Colonia" vun der däitscher Band Höhner op engem Concert gecovered huet, mussen déi elo de Portmonni opmaachen.

Geschitt ass dat Ganzt en Donneschdeg op engem Concert zu Köln. Wärend dem Concert vu Metallica huet d'Band d'Fans mat engem Metalcover vum Kölner Kulthit "Viva Colonia" iwwerrascht. Ronn eng Minutt laang huet dëse Cover gedauert.

Elo muss d'Band awer Droits d'auteurs bezuelen, dat an Héicht vu 7.000€. Dës Sue ginn un d'Band Höhner, respektiv un hire Label.

De Sänger vun Höhner huet awer betount, dass ee geéiert wier, dass esou eng grouss Band e Lidd vun hinne gecovered huet. Ëm d'Geld géif et hei op alle Fall net goen.