D'Fête de la Musique dauert quasi eng ganz Woch uechtert d'ganzt Land.

Eng Traditioun, déi op eng international Initiativ zeréckgeet. De franséische Kulturminister Jack Lang hat eng Iddi vum amerikanesche Museker Joel Cohen opgegraff, deen 1976 fir France Musique, wou e geschafft huet, déi sougenannte Saturnales de la Musique lancéiert hat, wou Museker sollte live spillen an dann op zwee Deeg am Joer, den 21. Juni an den 21. Dezember, dee längsten an de kierzten Dag vum Joer. 1982 ass ënnert dem Impuls vum Jack Lang en nationaalt Fest a Frankräich ginn. Haut maache weltwäit iwwer 120 Länner mat, natierlech och Lëtzebuerg. Diddeleng hat sech als éischt lancéiert.

En Donneschdeg den Owend war den Optakt vun der Fête de la Musique 2019. Déi zitt sech duerch d'ganzt Land mat nationalen an internationalen Acts aus de verschiddenste Genren. Wou lokal Veräiner, Fanfaren, Kéier a Banten optrieden. D'Stad Lëtzebuerg an Diddeleng sinn d'Héichbuerge mat ganz ville Concerten.