De laangjäregen RTL-Mataarbechter ass no kuerzer Krankheet op Nationalfeierdag verscheet.

De Menn Bodson war iwwer laang Joren ë.a. Realisateur, Produzent a Kameramann bei RTL.

Bekannt sinn z.B. d’Produktiounen "Déi zwee vum Bierg" (1985) oder "De falschen Hond" (1989), déi de Menn Bodson zesumme mam Gast Rollinger a Marc Olinger realiséiert huet.

1997 huet de Menn Bodson RTL verlooss. Duerno huet hie mam Romain Goerend bis 2002 am Centre public Henri Tudor geschafft.

Bis Enn 2011 huet de Realisateur Menn Bodson zesumme mam Romain Goerend en etlech Documentairë fir verschidden Institutiounen aus dem Land produzéiert, dat am Kader vun enger Videoproduktiounsunitéit, déi ënner der Autoritéit vum Kulturministère a vum Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster funktionéiert huet.

Esou ass Enn den 90er ë.a. e Court-métrage iwwert dee leschten Héichuewen op Esch-Belval entstanen.

De fréieren Chefredakter vun RTL Télé, Jean Octave,  erënnert sech an engem Interview mam Christiane Kremer zréck u säin treie Kolleg "de Menn".

AUDIO: De ganzen Interview mam Jean Octave

De Jean Octave lénks, de Menn Bodson riets, an der Mëtt en US-Militär

Dem Menn Bodson senger Famill op dëser Plaz vun der RTL-Ekipp dat opriichtegt Bäileed.