Bei hirer Kierper-Konscht geet et awer net dorëms, sech selwer ze verschéineren...

„My body is my software“, dat ass de Credo vun der franséischer Kënschtlerin ORLAN, déi virun allem dofir bekannt ass, hiren eegene Kierper am Numm vun der Konscht ëffentlech ëmoperéieren ze loossen. Bei hirer Kierper-Konscht,  geet et awer net dorëms sech selwer ze verschéineren, ma op eng radikal Manéier de gesellschaftlechen Ëmgang mam weibleche Kierper ze thematiséieren.

E Méindeg hat d’ Kënschtlerin am Cercle Cité dem Public hir Aarbecht presentéiert.

Platinblond a pechschwaarz Hoer, en extravagante Brëll  an onverkennbar Silikonimplantater un de Schleefen. D'ORLAN huet (nawell) en ongewéinlecht Erscheinungsbild. Si huet hiren eegene Kierper zur Grondlag vun hirem kënschtleresche Schafen an iwwerdeems och zum Géigestand vun der ëffentlecher Debatt gemaach.

Fir hir Wierker aus de Serie „Self-Hybridisation“, huet Si awer net mat hirem reale Kierper, ma mat digitale Mëttele geschafft. An deem si hiert eegent Gesiicht mat de Schéinheetsidealer vun aussereuropäesche Kulture verschmëlze léisst, hannerfreet si d’ Normen, déi d’ Gesellschaft virun allem de Fraen  opdrängt.

D'Ausstellung "Bodyfiction(s)" mat de Wierker vum ORLAN, kann een nach bis den 30. Juni am Cercle Cité gesinn.