De bekannte Sänger Stevie Wonder muss sech enger Nierentransplantatioun ënnerzéien.

Dat huet de 69 Joer ale Sänger e Samschdeg de Spectateuren am Hyde Park zu London annoncéiert. Den Dag vun der OP ass fir September geplangt. Bis dohi wëll hien awer nach e puer Mol optrieden, duerno dann eng Paus maachen.

De Stevie Wonder ass 1950 Am US-Bundesstaat Michigan op d'Welt komm. Säi éischten Album huet de vu Gebuert u blanne Sänger 1961 erausbruecht. Am Laf vu senger Carrière hat de Grammy-Gewënner ganz vill Top-Hits wéi "You are the sunshine of my life", "Superstition" oder "I just called to say I love you".