Ee vun de gréissten Disney-Staren an de leschte Joren ass e Samschdeg iwwerraschend gestuerwen. Hie war just 20 Joer al.

Dat huet seng Famill dem Noriichtesender ABC confirméiert. De Boyce ass un de Suitte vun enger Attack gestuerwen, wuel Epilepsie. Et wier am Schlof geschitt. Hie war awer scho méi laang krank.

Säin Debut hat de jonke Schauspiller mat 9 Joer am Horrorfilm "Mirrors" am Joer 2008, duerno war en nach an de Filmer "Kindsköpfe" 1 an 2 mam Adam Sandler a Kevin James, an "Descendants" 1 an 2 ze gesinn.

D'Trauer ass grouss, besonnesch och bei sengen Hollywood-Kollegen. Den Adam Sandler huet geschriwwen: "Ze jonk, Ze séiss, Ze witzeg. Hie war dee léifsten, talentéiertsten an anstännegste Kärel. Ech hat hie gär. En huet sech ëm seng Famill gesuergt. En huet sech vill ëm d'Welt gesuergt. Merci, Cameron, fir alles, wat s du eis ginn hues. Mer haten nach sou vill wëlles. All eis Häerzer si gebrach. Ech denken un deng wonnerbar Famill a schécken hinne mäin déifst Matgefill."

Trotz sengem jonken Alter huet de Cameron Boyce sech immens vill benevole engagéiert. Fir säin Engagement, e Pëtz am Swasiland, am Süde vun Afrika, ze bauen gouf hie souguer ausgezeechent. Fir dës Aktioun hat hien 30.000 Dollar u Spende gesammelt.