New York Times deckt op: Méi wéi 500.000 populär Opnamen fir ëmmer verschwonnen.

Den 1. Juni 2008 koum et zu engem risegen Groussbrand an den Universal Studios, deen fir vill Schued gesuergt huet.

Och wann dëse Virfall méi wéi 10 Joer zeréck läit, war et bis elo net bekannt, datt nieft dem zerstéierte Film-Material och wichteg Tounopnamen dobäi waren.

D'New York Times deckt awer elo op. Duerch dëse Groussbrand si ronn 500.0000 wichteg Opname fir ëmmer verluer gaangen. Dorënner befanne sech legendär Opnamen vu populären Unikumen, wéi vum Billie Holiday, Louis Armstrong, Bing Cosby, Ella Fitzgerald, Sonny and Cher, Joni Mitchell, Eric Clapton, Elton John, Janet Jackson, Nirvana an Tupac.

Allerdéngs goufen déi eenzel Museker guer net iwwert dëse Virfall informéiert. Universal selwer wëll sech och net iwwer des zerstéiert Opnamen äusseren.