Déi 12. Editioun vum Festival du film francophone d'Angoulême gëtt een Hommage un lëtzebuergesch Filmer, dat mat 9 Produktiounen aus dem Grand-Duché.

De Festival vum franséischsproochege Film vun Angoulême reservéiert een Deel vu senger Programmatioun fir een Hommage u lëtzebuergesch Filmproduktiounen. Dat gouf en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz zu Paräis ugekënnegt. Donieft ass och déi lëtzebuergesch Koproduktioun vu Mélusine Productions, "Les Hirondelles de Kaboul", ënnert der Regie vum Zabou Breitman a vum Eléa Gobbé-Mévellec, an der Kompetitioun fir de Valois d'Or vun dësem Joer.

D'Organisateure vum Festival hunn och een Hommage un de rezent verstuerwene Cineast Pol Cruchten versprach. De Premierminister Xavier Bëttel an déi groussherzoglech Koppel ginn de Festival besichen.

Am Ganze ginn 6 Filmer, een Documentaire an 2 Kuerzfilmer gewisen:

  • Il est un petit pays (1937), documentaire de René Leclère produit par Henry-N. Vachon;
  • L’homme aux nerfs modernes (1988), court-métrage de Bady Minck produit par Bady Minck et Stefan Stratil;
  • Mr Hublot (2014), court-métrage réalisé par Laurent Witz et Alexandre Espigares, une production Zeilt Productions;
  • Nuit de noces (Hochzäitsnuecht)(1992), long-métrage réalisé par Pol Cruchten et produit par Videopress;
  • Black Dju (1996), long-métrage de Pol Cruchten, une production Samsa Film;
  • Réfractaire (2009), long-métrage de Nicolas Steil produit par Iris Productions;
  • Préjudice (2016), long-métrage d’Antoine Cuypers coproduit par Samsa Film;
  • Croc-blanc (2017), long-métrage d’animation d’Alexandre Espigares produit par Bidibul Productions;
  • Barrage (2017), long-métrage de Laura Schroeder produit par Red Lion.

De Festival du film francophone d'Angoulême ass vum 20. bis den 25. August.