De Kënschtler géif sech net gutt fillen a krut vum Dokter gesot hien dierft net optrieden. Dat gouf op sengem Internet-Site annoncéiert.

De 67 Joer ale Sänger huet fir d'éischt de Concert e Méindeg um Jazz Festival zu Ghent an der Belsch annuléiert. Um Mëttwoch huet hie säin Optrëtt zu München an Däitschland missen ofsoen a kuerz drop goufen och d'Concerten en Donneschdeg zu Stuttgart an e Freideg zu Slavkov u Brna an der Tschechescher Republik annuléiert.

Um Site vum Sänger steet nach net, wat hie genee huet. Een, deen dem Sting no steet, hätt der AFP gesot, datt de Kënschtler eng Infektioun am Hals hätt, se wier awer net schlëmm.

De Sting ass als Frontmann vum Grupp " The Police" bekannt ginn. Zanter 1985 ass hie solo ënnerwee.