Et sinn opreegend Deeg fir déi Bands a Solokënschtler, déi beim elo schonn 10. Screaming Fieldsfestival e Samschdeg an der Rockhal op d Bühn dierfen.

Schonn zanter Mäerz hu se ënnerschiddleche Phasen duerchlaf, hunn sech zum Beispill virun enger Jury bewisen, sou dat sech elo quasi d'Crème de la Crème a Punkto musikaleschem Nowuess "Made in Luxemburg" erausgeschielt huet an déi eben elo kuerz virum groussen Optrëtt steet.

Zanter Mee war elo d'Virbereedungsphas op dëse Festival. Een Deel dovunner ass e Bühnen-Coaching, wou Profien de Jonken Tipps ginn, wéi den Optrëtt virum Public zum Erfolleg gëtt.