Vu Juli bis September steet an der klenger historescher Stad Arles am Süde vu Frankräich alles am Zeeche vun der Fotografie.

De Festival: Les Rencontres photographiques zitt Professioneller, Artisten a Photopassionéierter aus der ganzer Welt un. Eleng d’lescht Joer hat de Festival méi wéi 140.000 Visiteuren. An domat bréngen d’Rencontres och eng grouss Visibilitéit mat sech. Eng Visibilitéit, déi virun allem och wichteg fir d’Lëtzebuerger Artisten ass. Zënter 2017 huet Lëtzebuerg seng fest Plaz um beléifte Fotofestival. D’Patricia Baum mat Andréck vun Arles a mam Fokus op zwou Fraen déi natierlech eng Passioun fir Fotoen hunn.

Arles, eng vun den eelste Stied aus Frankräich. Fir d’Réimer war et de kulturellen a reliéisen Zentrum. Am 19. an 20. Joerhonnert hu grouss Moler wéi de Van Gogh an de Picasso sech vun der Stad inspiréiere gelooss. An zënter 1969 ass Arles dann och Zentrum vum renomméierte Fotofestival. Soumat ass dës Editioun eng ganz speziell, nämlech de 50 Gebuertsdag.

Wärend der Eröffnungswoch ass Arles am Ausnamezoustand. D’Stad huet ëm déi 50.000 Awunner a fir de Festival ginn esou vill Plazen ewéi méiglech benotzt, fir Fotoen ze weisen. Op an historesche Monumenter oder an industrielle Gebaier, et gëtt mat deem geschafft wat d’Stad hiergëtt. Och ausserhalb vun de Gebaier kënnt een net laanscht d‘Fotografie, iwwerall gëtt geknipst, ausgestallt an affichéiert. D’Associatioun Lëtz Arles ass 2017 gegrënnt ginn, fir déi éischte Participatioun op de Rencontres. D’Initiatrice heivunner ass d’Florence Reckinger Taddei.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Si ass, wéi een esou schéi seet, eng "vraie arlésienne". Mat 25 Joer ass si wéinst der Léift op Lëtzebuerg komm, an huet esou de gréissten Deel vun hirem Liewen hei verbruecht. Fir si war et immens wichteg Lëtzebuerg an hir Heemecht mam Festival ze verbannen. D’Fotografie war ëmmer omnipresent an hirem Liewen.

1969 ass de Festival gegrënnt ginn an der Iddi, reell Renconteren mat professionelle Kënschtler aus der ganzer Welt ze hunn an d‘Fotografie fir jiddereen accessibel ze maachen. D’Leit hu sech an de Stroossen an am Bistro ausgetosch, een Esprit, deen de Festival, virun allem an der Eröffnungswoch, net verluer huet.

En historescht Monument vun 1634, d’Chapelle de la Charité, bitt eng besonnesch Plaz fir auszestellen. Zënter der éischter Participatioun ginn d’Wierker vun de Lëtzebuerger hei gewisen. Nieft dem Claudia Passeri, stellt och d’Krystyna Dul aus. Si kënnt aus Polen an ass och wéinst hirem Mann op Lëtzebuerg wunne komm. An hirer Heemecht Polen hat si awer ni wierklech e Lien mat der Fotografie.

Wat d’Krystyna haut interesséiert ass virun allem Geschichten ze erzielen, Geschichten aus dem Liewen, déi och emol méi emotional kënne sinn. Ma awer och Geschichten déi net op den éischte Bléck visibel sinn. Hir Aarbecht hei zu Arles, ass eng immens perséinlech. D’Fotoen, déi si hei weist, sinn all an engem Haus gemaach ginn an erzielen d’Geschicht vun engem eelere Mann, deen eng Obsessioun huet. Hien huet Frae-Biller aus Zeitungen a Magasinnen erausgeschnidden a gesammelt, an a Rummen an Albume presentéiert. Zum Deel immens erotesch Fotoen, a fir déi am Kontext vun enger reliéiser Kapell ze weisen, war fir d’Krystyna wéi eng Befreiung.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Wou dat éischt Joer nach iwwer 25 Lëtzebuerger Artiste gewise gi sinn, gëtt sech elo op 2 limitéiert, fir d‘Qualitéit vun den Aarbechten nach méi ervirzehiewen. Fir den Owend vum Vernissage hunn och erëm vill Acteuren aus der Lëtzebuerger Kulturzeen de Wee a Südfrankräich fonnt. D’Rencontres si fir deen een oder anere schonn zu enger Traditioun ginn.

De Fotofestival gëtt e gudden Iwwerbléck vun der Fotografie vun haut, ma virun allem ass se awer och Ausdrock vun eiser Gesellschaft. Vill politesch Themen aus der Aktualitéit, de sozial Ongerechtegkeeten, d‘Flüchtlingsproblematik a villes méi gi mat der Fotografie ugeschwat. Nei Perspektive gi gewisen an dat duerch d’A vun de Fotografen. De Festival weist wéi eng Méiglechkeeten de Medium Fotografie bidde kann, fir Geschichten aus dem Liewen ze erzielen.