De Film ass schonn zu Cannes gelaf a krut och scho verschidde Präisser.

Wéi déi spuenesch Realisatrice Arantxa Echevarria d’lescht Joer hire Film « Carmen & Lola » um Festival vu Cannes konnt weisen, war si méi wéi glécklech. Ëmmerhi war et hiren 1. Film. A wéi se du kuerz drop och nach an hirer Heemecht de Goya fir déi bescht jonk Realisatrice gewonnen huet, war de Succès perfekt. Elo leeft “Carmen & Lola” och hei zu Lëtzebuerg.

VIDEO: Film vun der Woch: Carmen & Lola
E Film vun der jonker Realisatrice Arantxa Echevarria.

D’Lola wiert sech géint Reegelen vu senger Communautéit an där d’Frae mat 18 bestuet sinn an dofir do sinn, fir Kanner grousszezéien an hirem Mann ze follegen. Hat ass vu Fraen ugezunn a wëll säin eegene Wee goen. Eppes, wat an der patriarchalescher Mentalitéit vun den Zigeiner net denkbar ass. Wéi et Carmen kenne léiert, wat verloobt gëtt, sinn d’Schwieregkeete virprogramméiert.

D’Arantxa Echevarria hëlt sech vill Zäit fir eis d'Communautéit, an där d’Carmen an d’Lola liewen, méi nozebréngen. Si verzicht bewosst op simplistesch Folklor-Elementer a schafft scho bal dokumentaresch. Deen 1. Deel vum Film thematiséiert éischter d’Schwieregkeete vun enger jonker Fra, déi sech an enger vu Männer bestëmmter Welt wëll emanzipéieren. Den 2. Deel konzentréiert sech méi op d'Libesgeschicht vum Carmen a vum Lola an hire Konsequenzen.

Beandrockend sinn déi 2 Haaptduerstellerinnen, déi virdrun nach ni virun enger Kamera stoungen. Si ginn dem Film déi néideg Frechheet an Authentizitéit an dinn den Zuschauer vergiessen, dat d’Dréibuch vum Film net ëmmer ganz originell ass. D’Force vu « Carmen & Lola » läit am Thema: Homosexualitéit an der Zigeiner-Communautéit an an der Are a Weis, wéi dat Thema ni an de Folklor oder de Kitsch ofrutscht.