Hien ass ee vun de bekanntste franséische Kënschtler weltwäit.

De Bernar Venet ass Sculpteur, Moler Fotograf an designt Miwwelen. Seng monumental Skulpture stinn duerch d'ganz Welt, hei zu Lëtzebuerg  kann een e Wierk vun him an der Avenue de la liberté gesinn, virum alen Arbeds-Gebai.

2015 schonn huet de Bernar Venet bei der Ouverture vun der Galerie Ceysson Bénétière ausgestallt.  Aktuell kann een eng ganz Rëtsch Skulpturen an Zeechnunge gesinn, déi iwwert déi leschte Joren entstane sinn. Zënter 50 Joer beschäftegt sech de Bernar Venet a senger Aarbecht mat der Linn, déi hien a ganz verschidde Formater duerstellt: mol eng gebrachen, mol eng duerchgezunne Linn, als Bou oder nach als Wénkel.

Bei der aktueller Ausstellung huet de Kënschtler och eng Performance gemaach, där hir Spuren déi ganz Dauer vun der Ausstellung iwwer ze gesi sinn.

An e puer Méint, den 23. Oktober, gëtt dat imposant Wierk “Arc Majeur” op der Autobunn fir op Bréissel, 100 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech, installéiert. Et ass déi gréisste Skulptur, déi et op der Welt gëtt, mat enger Héicht vun 60 Meter an engem Diameter vun 75 Meter. D’Autoe wäerten duerch d ‘Skulptur fueren.

De Croquis vum Kënschtler, Arc Majeur.

D’Ausstellung vum Bernar Venet kann een nach bis den 27. Juli an der Galerie Ceysson- Bénétière gesinn.