Déi éischt Halschent vum Summer-in-the-City-Programm an der Stad ass eriwwer. Beim Luxembourg City Tourist Office (LCTO) zitt een e positive Bilan.

Mat enger ganzer Rei Evenementer iwwert d'Stad verdeelt, kënnt de ganze Summer laang richteg Liewen an d'Stad.
De Start vum Summer in the City war de 14. Juni mat der Fête de la Musique, wou eng Ronn 50 Concerten op 23 Plazen an der Stad gespillt goufen.

Nieft engem flotte Virowend vun Nationalfeierdag, war dem Direkter vum LCTO Tom Bellion no, de Kinnekwiss Loves Festival, dëst Joer e ganz grousse Succès.

Dat ass dee Projet, dee mer virun 3 Joer lancéiert hunn. Dat hei war déi drëtten Editioun. A wann een d'Fotoe gesäit, da weess een et war dee groussen Erfolleg dëst Joer. Mir si frou, datt d'Visiteuren dat Konzept visiblement ugeholl hunn.

D'Festivitéit op der Kinnekswiss wier eng Reklamm fir d'Zukunft vun Evenementer an der Stad.

Et wier natierlech schued, datt de Rock um Knuedler gréisstendeels an d'Waasser gefall wier, hunn déi Responsabel vum LCTO bedauert.

Ma de summerleche Museksprogramm geet monter virun, mat ënner anerem dem Blues'n'Jazz-Rallye, deen dëst Joer seng 25. Editioun feiert. De 27. Juli ass et nees esou wäit an der Ënnerstad. Op 12 Bühnen gëtt an 20 Restauranten a Caféen dat flottst vum Genre ugebueden, wéi de Raymond Horper, Responsabele fir Evenementer a Kultur beim LCTO erkläert.

Dat mécht am ganzen 42 Jazz Concerten an 26 Blues Concerten. Déi ganz Programmatioun ass opgebaut no Thematiken. Mir hu Bühne souwuel fir Big-Bands, RnB. Mir hunn HipHop ganz nei am Programm, Elektro Jazz, Jazz Manouche, a villes méi.

D'Summer-in-the-City-Festivitéite komme wéi gewinnt mat der Schueberfouer op e Schluss. Fir déi summerlech Aktivitéiten an der Stad virdru lues a lues ofzeschléissen, ginn nach eng Rëtsch gratis Concerten organiséiert.

Weider Informatioune fënnt ee wéi gewinnt op luxembourg-city.com.