Aus der Welt vun der Literatur ass et déi traureg Nouvelle, dass den Andrea Camilleri dout ass.

Den italienesche Bestseller-Auteur wier um Mëttwoch de Moien an engem Spidol zu Roum am Alter vun 93 Joer verscheet.

Hie ass virun allem bekannt fir seng Krimi-Serie ronderëm de fiktiven Inspekter Montalbano.