Comic oder Molerei?
Dem franséische Kënschtler Louis Granet seng Molereien erziele Geschichten, déi staark um Comic Genre inspiréiert sinn.
No dräi Woche Residenz op der amerikanescher Westküst, ass de Louis Granet mat neie Skizzen an Iddien heemkomm. Dat wat de Kënschtler interesséiert si virun allem Motiver, déi hien am Alldag begéint. De Prozess vu senger Molerei ass immens villschichteg, hie geet Etapp per Etapp vir.
Seng Manéier ze schaffen erlaabt him och vill verschidden Themen unzeschwätzen ouni säi roude Fuedem ze verléieren. Fir d’Ausstellung an der Galerie huet hien och zwou grouss Mauere bemoolt, an esou kommen seng Wierker nach besser zur Geltung.
De Louis Granet huet seng artistesch Sprooch duerch seng Etüden, ënner anerem och der Bande Dessiné, fonnt. Esou huet hie mat Zeechnungen an Illustratioun ugefaangen an genau dat sëtzt hien och elo an der Molerei ëm. Hien benotzt d’Code vun der Bande Dessiné fir datt de narrative Charakter bleift.
Fir de Moler ass et déi éischte Solo Show hei zu Lëtzebuerg.
Bis Ufank September kann een d’Wierker vum franséische Moler Louis Granet an d’Galerie Zidoun& Bossuyt entdecke goen.