D'Schëff soll éischten Aschätzungen no aus dem 3. oder 4. Joerhonnert stamen.

Knapp 50 Meter virun der bekannter Playa de Palma huet en Awunner vun der spuenescher Insel d'Schëff entdeckt, schreift Deutschlandfunk. Et soll eng 10 Meter laang a 5 Meter breet sinn. D'Schëff soll wuel Gidder transportéiert hunn. Well et eng wichteg Decouverte ass, huet een de Beräich ronderëm d'Schëff op der Héicht vu Can Pastilla ofgespaart an d'Plaz gëtt streng bewaacht.

D'Schëff läit net enorm déif, ma well et vu Sand begruewe gouf, hätt een et net direkt lokaliséiert kritt, esou d'Zeitung "Diario de Mallorca". D'Waasser hätt de Sand awer beweegt an dowéinst hätt een Deeler vum Schëff erkannt.