De Mois Européen de la Photographie ass dëst Joer zu Lëtzebuerg a senger 7. Editioun. D’Ausstellunge stinn ënnert dem Thema Bodyfiction(s).

De Musée National d’Histoire et d’Art weist a senger Expo, a Kollaboratioun mat der Asbl Café-Crème, fir den europäesche Mount vun der Fotografie, Biller vun 12 verschiddene Kënschtlerinnen a Kënschtler, déi sech mat der Duerstellung vum mënschlechen a speziell dem weibleche Kierper befaassen.

Mat verschiddenen Techniken a Cadragë wierken d'Fotografinne wéi Claudia Huidobro, Mira Loew a Caroline Heider dem klassesche Fraebild entgéint, dat een aus der Akt- oder der Moudefotografie kennt. Deeler vum Kierper ginn hannert dem Dekor, hannert enger Mass vun Hoer oder duerch Plien am Bild verstoppt.

D’Juno Calypso spillt an hiren onheemleche Fotoe mat dem Bild vun der Femme fatale. Wärend de Mike Bourscheid, eenzege Mann an eenzege Lëtzebuerger Kënschtler an der Expo, sech humorvoll mat Stereotyppen auserneesetzt. Eng kloer Tendenz an der Konschtfotografie ass iwwerdeems d‘Fragmentéierung vum Kierper, wéi an den Aarbechte vun der Maisie Cousins an der Izumi Miyazaki ze gesinn ass.

Bei allem Versteesdemech fir déi kritesch Ausenanersetzung mat dem Thema gesinn d‘Kommissäre vun der Ausstellung awer och nees d’Gefor vun der Zensur - där soll entgéint gewierkt ginn.

D’Ausstellung am MNHA ass nach bis September ze gesinn.