Zéng Joer laang war "Avatar" de weltwäit erfollegräichste Kino-Film, dat heescht och deen, deen am meeschte Suen erabruecht huet.

Zënter dem Weekend huet awer d'"Heldensaga" Avengers: Endgame  dësen Titel. Den Erfolleg bleift awer an der selwechter Entreprise, well "Avengers" gehéiert dem "Marvel-Comicunversium", deen zënter 2009 am Besëtz vun Disney ass. Nach am Mäerz huet Disney fir 71.3 Milliarden Dollar Fox kaf, deem säi Studio "20th Century Fox" d'Rechter un "Avatar" hat. Soumat gehéieren der Entreprise Disney ënnert anerem d'Rechter u Marvel- a Star-Wars-Filmer, souwéi och d'Animatiounsfilmer vu Pixar a vereenzelt Hits wéi "Titanic". Der "Variety" no gehéiere 7 vun den erfollegräichste Filmer der selwechter Entreprise, nämlech Disney.

"Avengers: Endgame" huet weltwäit knapp 2,8 Milliarden Dollar erabruecht an domadder de Film "Avatar" iwwerholl.

De Film ass Enn Abrëll an d'Kinoe komm an huet eleng den éischte Weekend an Nordamerika 357 Milliounen Dollar erabruecht, weltwäit waren et 1,2 Milliarden Dollar. Soumat hunn d'Akommes vum Ticketsverkaf de Rekord vun 2.789 Milliarden Dollar gebrach, deen virun zéng Joer "Avatar" vum Regisseur James Cameron agespillt huet.

Den neie Chef vum Marvel-Studio Kevin Feige huet awer gesot, datt d'Zuele vun "Avatar" net mat der Inflatioun oder mat de Kinospräisser, déi stänneg geklomme sinn, ugepasst goufen. "Wenn man die Inflation berücksichtigt, hält er noch immer den Titel und er wird den Titel wahrscheinlich zurückerobern, sobald er einen neuen Film rausbringt", huet Feige gesot.