De Museker aus New Orleans a Matgrënner vun der Band Neville Brothers ass am Alter vun 81 gestuerwen, wéi säi Brudder Aaron e Méindeg matgedeelt huet.

De Sänger a Keyboard-Spiller war ee vun de wichtegste Vertrieder vum Funk an hat de Spëtznumm "Poppa Funk" (Papa Funk).

Den zweefache "Grammy-Gewënner" gouf de 17. Dezember 1937 mam Numm Arthur Lanon Neville gebuer. Beaflosst gouf hien ënnert anerem vu Fats Domino, wat dozou bäigedroen huet, datt hie frei mam musizéieren ugefaangen huet. Mat 17 Joer huet hie da säin Hit "Mardi Gras Mambo" gesongen.

Hien huet d'Band Neville Sounds gegrënnt, déi spéider op The Meters ëmbenannt gouf. D'Band gëllt als ee vun de Pionéier vum Funk a goung ënnert anerem mat de Rolling Stones op Tour.

Enn 1970 huet den Neville mat senge Geschwëster d'Band Neville Brothers gegrënnt. 2004 koum dann de leschten Album eraus a 2015 hu si een Ofschloss-Concert ginn.

Den Art Neville selwer huet am Dezember säi Réckzuch aus der Museksindustrie annoncéiert.