Nieft méi Méiglechkeeten fir d'Visiteuren vun der neier Nationalbibliothéik, sollen och d'Kollektioune valoriséiert ginn.

Nieft der Nationalbibliothéik situéiere sech awer nach aner Institutiounen, déi Bicher, Publikatiounen an E-Books verléinen oder hir Diere fir Visiteuren opmaachen. Zum Beispill d'Unisbibliothéik, déi sech am Kader vum Luxembourg Learning Centre situéiert an natierlech vu ganz ville Studenten opgesicht gëtt.

Op Basis vun entspriechende Froen duerch d'Deputéiert Baum a Wagner vun déi Lénk, äntweren d'Ministeren Tanson a Meisch, datt d'Ouvertureszäite vun der Unisbibliothéik wärend der Examenszäit, zB elo am Juni ugepasst gi sinn, also datt och samschdes op war - dat soll och nees fir d'Samschdeger tëscht September an Dezember de Fall sinn.

Wat d'Servicer fir d'nächst Joer ugeet, also och d'Zuel vun de Mataarbechter an der Unisbibliothéik, sou sollen dës je no Budget fir d'nächst Joer weider entwéckelt ginn - sou soen et d'Ministeren, ouni an den Detail ze goen.

Och ob d'Zuel vun de Bibliothéquairen an der Nationalbibliothéik eropgeschrauft gëtt, geet net aus der Äntwert vun de Regierungsmemberen ervir - gesot gëtt just, datt d'Bibliothéik, déi wéi gesot komplett an der Plënnerphas op de Kierchbierg ass, zanter 7 Joer all Joer ronn 16 equivalent plein temps erlaabt kritt hätt. Am Rapport fir d'Gesetz fir d'neit Bibliothéiksgebai war vun enger Zuel vun 21,75 Rieds gaangen.

D'Ouvertureszäite vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg ginn iwwerdeem tëscht Dënschdes a Freides verlängert an zwar vun 10 bis owes 20 Auer, Samschdes da sinn d'Diere bis owes 18 op - Méindes ass zou.

Dann huet e Gesetz vun 2012 iwwert d'ëffentlech Bibliothéike seng Friichte gedroen: well d'Adhesioun am nationale Reseau bib. net obligatoresch gouf an de Finanzement vun dësen Institutiounen heiru gekoppelt gouf, goung d'Zuel vun bib. Net-Memberen vun 37 virun 6 Joer op elo 87 an d'Luucht.