D'US-Pop-Sängerin Katy Perry soll Deeler vun hirem Lidd "Dark Horse" geklaut hunn.

No fënnef Joer Rechtssträit krut de chrëschtlechen US-Rapper Marcus Gray, mam Kënschtlernumm Flame, elo Recht. D'Katy Perry huet de Beat vu sengem Titel Joyful Noise fir hiert Lidd Dark Horse kopéiert.

D'Pop-Kënschtlerin huet viru Geriicht behaapt, hiert Wierk wier komplett nei a si hätt nach ni eppes vun Joyful Noise héieren. Hir Equipe huet argumentéiert, de Rhythmus vum Lidd wier ganz geleefeg a kéint dowéinst net auteursrechtlech protegéiert ginn. D'Affekote vum Marcus Gray soten hirersäits, d'Katy Perry hätt e wichtegen Deel vum Lidd geklaut.