De Stater Stroosekonschtfestival "Streeta(rt)nimation" feiert dëst Joer säi 25. Gebuertsdag.

Fir déi 25. Kéier scho fëllen Akrobaten, Museker, Clownen a ganz vill aner Kënschtler d’Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg. Zwee Deeg laang kënnen Touristen a Residanten vum Streeta(rt)nimation profitéieren, e Festival wou d’Stroossekonscht am Mëttelpunkt steet. A fir de 25. Gebuertsdag, trieden am Ganze 25 Gruppen op, aus dem Ausland, souwéi och aus Lëtzebuerg.

De Lëtzebuerger Kënschtler Jonn Happi versicht mat Improvisatioun, schwaarzem Humor an Zirkuskonscht déi Kleng ze begeeschteren an déi Grouss rëm zum Laachen ze bréngen. Et ass schonn déi 3. Kéier, dass hien am Kader vum Streeta(rt)nimation-Festival matten an der Stad optriede kann. Et wier eng immens schéi Bühn, fënnt hien. Dat Flott un der Stroossekonscht wier, dass se et duerch déi mobil Kulissen erlaabt egal wou an der Strooss opzeriichten, d’Leit ze ënnerhalen a rëm ofzeriichten.

Fir déi 25. Editioun vum Festival si 25 Compagnien dobäi, dovun 20 déi nach ni am Programm waren. Se kommen aus der ganzer Welt a suergen uechter d’Stad fir gutt Stëmmung, sou wéi zum Beispill de Grupp "The Four Shops", dee mat engem Akafsweenchen (an deem de Batteur sëtzt) duerch den Zentrum zitt a Musek mécht.

D’Erfollegsgeheimnis vum Festival wier, dass ee Saache proposéiert déi d’Leit uschwätzen, erkläert den Direkter vum LCTO, den Tom Bellion. Et wier een houfreg op d’Entwécklung vum Festival an den Niveau deen en erreecht huet. Dee wéilt een natierlech bäibehalen.

Fir Begeeschterung hunn och d’Esther an de Jonas Slanzi gesuergt. Ënnert dem Numm "E1nz" presentéiert de Schwäizer Duo eng sympathesch Geschicht iwwert ee Serveur an eng méi speziell Cliente – ouni Wierder, dofir awer mat ganz villen Tricken. Esou ee Festival wier an hiren Aen eng gutt Méiglechkeet, fir dem grousse Public den Theater méi no ze bréngen, an dës Konscht fir jiddereen zougänglech ze maachen. Ma och fir d’Artisten selwer wiere sou Evenementer wichteg, seet de Jonas Slanzi. An Europa géing d’Konscht "weg gespuert" ginn. Ëmsou méi schéi wier et dass et sou Fester zu Lëtzebuerg nach géinge ginn.