Bei der 24. Editioun vum "e-Lake festival" steet den Iechternacher Séi nees de komplette Weekend iwwer ënner "Stroum".

Den "e-Lake festival" steet virun der Dier. Ewéi all Joer ass de Site vum Festival direkt nieft dem Iechternacher Séi an op 3 Deeg ginn 3 verschidde Museksrichtunge gespillt.

AUDIO: e-Lake geet an déi nächste Ronn / Reportage Maxime Gillen

Concerten ronderëm de Séi vun der Abteistad gi schonn zanter 24 Joer organiséiert - de Festival huet sech dobäi vun Editioun zu Editioun weiderentwéckelt. Dëst Joer kënnt zum Beispill derbäi, dass nach méi Shuttle-Busser fueren, wéi déi Jore virdrun an dass e Vidange-System op alleguer de Gedrénksbecheren agefouert gouf.

Den Entrée ass ewéi all Joer fräi. Fir d'Käschten ze decken, schaffen d'Organisateuren zu ronn 80 Prozent mat Sponsoren zesummen. De Rescht gëtt duerch de Camping an de Verkaf vu Gedrénks a Merchandise- Artikele finanzéiert, sou de Responsabele vum e-Lake Frank Rippinger.

AUDIO: Frank Rippinger / e-Lake festival Organisatioun

Fir sou een Event op d'Been ze stellen, sinn och dëst Joer méi wéi 250 Fräiwëlleger am Asaz ënner anerem fir hëllefen opzebauen an ze zerwéieren.