Den E-Lake-Festival ass e Freideg den Owend lassgaangen an dauert nach bis e Sonndeg an d'Nuecht eran.

Iwwer 20.000 Visiteuren hunn de Wee dëse Weekend op den E-Lake fonnt, engem Festival, deen et zu Iechternach schonn zanter 1996 gëtt. Um Sonndeg den Owend konnt da schonn en éischte Bilan gezu ginn. De Reen huet e Freideg dofir gesuergt, datt d'Leit méi spéit koumen, esou d'Organisateuren.

Mam Samschdeg du war een awer richteg zefridden, esou wéi och mat der Editioun. Zwar ass et net esou super gaangen, wéi et déi lescht Joren de Fall war an awer schwätzt ee vun engem gudde Joer.

Eppes konnt awer scho verrode ginn. Déi 25. Editioun wäert och dat nächst Joer stattfannen.

VIDEO: Live vun Iechternach: De Bilan vum e-lake
Déi 24. Editioun ass gutt verlaf, esou d'Organisateuren. Et huet ee wuel net déi Zuele vun de leschte Joren, ma awer ass een zefridden.

Impressioune vum Samschdeg:

Eise Fotograf Henri Schwirtz war um Samschdeg den Owend um E-Lake, an huet eis e puer flott Impressioune matbruecht.

E Samschdeg stoungen op der Bühn:

Main Stage 

  • ANNINA b2b LUCIA

    15:00 - 16:00

  • BENJAMIN PARX

    16:00 - 17:00

  • AMFA b2b IH4xx3R

    17:00 - 18:00

  • LEON PEIYA

    18:00 - 19:00

  • IQ TALO

    19:00 - 20:00

  • DANTH b2b YOUREE

    20:00 - 21:30

  • WAZTOO

    21:30 - 22:30

  • MARK SIXMA

    22:30 - 00:00

  • COSMIC GATE

    00:00 - 01:45

  • BEN NICKY

    01:45 - 03:00

Urban Stage 

  • OWSLEY b2b JUNOIR

    17:00 - 18:00

  • FADE

    18:00 - 19:00

  • THIERRY_W b2b PATRICE

    19:00 - 20:00

  • RONNY MULLER

    20:00 - 21:00

  • AL-x

    21:00 - 22:00

  • KRAG

    22:00 - 23:00

  • NETTY HUGO

    23:00 - 00:00

  • JAY DEEP

    00:00 - 01:00

  • GAYLE SAN