Nach ëmmer kommen all Dag Dausende vu Flüchtlingen iwwer d'Mëttelmier, fir an Europa e bessert Liewen unzefänken.

Länner wéi d'Tierkei a Griicheland ginn de Massen u Leit, déi hei all Dag mat de Schëffer ukommen net méi Meeschter an d'Migrante liewen op enkem Raum ënner grausame Bedingungen zesummen. Glécklecherweis ginn et mëttlerweil awer Projeten, déi sech dofir asetzen, dëse Flüchtlingen e méi attraktiven Alldag ze erméiglechen. D’Julie Mathes huet mat engem Lëtzebuerger geschwat, deen den Ament als Fräiwëllege bei esou engem Projet a Griicheland aktiv mathëlleft.

AUDIO: Flüchtlingsprojet a Griicheland/Reportage Julie Mathes

E-Hub ass ee Projet vun der éisträichescher ONG ECHO100Plus, deen 2016 op der Insel Leros a Griicheland an d’Liewe geruff ginn ass. Heimat ass eng Plaz geschaaft ginn, déi et Flüchtlingen vun 18 Joer un erlaabt, zesumme mat internationale Volontairen u verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen an esou en éischte Goût vun der europäescher Kultur ze kréien. De Mick Lindé, en 23 Joer ale Lëtzebuerger Student ass dëst Joer fir déi zweete Kéier zu Leros aktiv an erkläert, wat d’Haaptaufgaben als Volontaire hei sinn. Gréisstendeels hale si Sproochecoursen, Sportcoursen an ënnerhalen d'Leit aus dem Lager.

Den Ament sinn 1.400 Flüchtlingen hei am Lager, obwuel dësen am Fong just fir 700 Leit geduecht ass. Si kommen all aus ganz verschiddene Situatiounen a Länner zu Leros un, wat natierlech och mat sech bréngt, dass e gewëssene Kulturschock a kulturell, souwéi sozial Ënnerscheeder entstinn. Dat ka Konflikter ënnerteneen ausléisen.

D'Haaptaufgab als Volontaire ass also haaptsächlech, en oppent Ouer ze hunn an als Ënnerstëtzung fir déi nei Migranten do ze sinn.

Dee ganze Projet funktionéiert awer sou, dass d'Migrante fräiwëlleg un deene verschiddenen Aktivitéiten deelhuele kënnen. Dat bréngt natierlech mat sech, dass déi, déi matmaachen, och motivéiert sinn, eng nei Sprooch ze léieren, en Instrument ze üben oder bei enger Sportaart aktiv matzemaachen. Des fräiwëlleg Participatioun huet dann och seng Nodeeler.

Et ass eng richteg Famill, déi hei tëscht internationale Volontairen a Flüchtlingen aus de verschiddene Kriselänner zesummewiisst. Als Volontaire muss ee sou och probéieren, Distanz ze halen a sech de Leit hir Problemer net ze vill zu Häerzen ze huelen.

Fir eis ass et dacks schwéier sech virzestellen, wat dës Leit erlieft hunn a wéi et ass vun haut op muer säin Doheem ze verléieren, an en neit Land ze zéien a komplett friem Leit ronderëm sech ze hunn. Den E-Hub-Projet ass e Projet, deen et esou nach net gouf an erméiglecht de Flüchtlingen, en normalen Alldag ze féieren, wärenddeem si op hiren Asylantrag waarden. En ass awer natierlech och op d'Hëllef vu Spenden a Fräiwëllegen ugewisen. Dir kënnt och mat enger Kleederspent, engem klengen Don oder mat äre fräiwëllegen Hänn de Projet ënnerstëtzen an esou wéi de Mick dozou bäidroen, e positiven Afloss op déi dramatesch Situatioun hei ze hunn.