Hollywood trauert, de Peter Fonda ass am Alter vun 79 Joer u Longekriibs gestuerwen.

Den amerikanesche Schauspiller, deen duerch de Kult-Film "Easy Rider" berühmt gouf, ass dout. Hien ass e Freideg bei sech doheem zu Los Angeles un de Suitte vu Longekriibs gestuerwen. Dat huet d'Famill vum Acteur matgedeelt.

1969 gouf de Peter Fonda als Motorradfreak "Captain America" zum Idol vun der Hippie-Beweegung an zum Film-Held. De Film mam Fonda, Dennis Hopper an Jack Nicholson huet Kinosgeschicht gemaach.