De portugisesche Regisseur Pedro Costa huet dëst Joer de Filmfestival vu Locarno gewonnen.

Hie gouf mam gëllene Leopard ausgezeechent fir säi Wierk "Vitalina Varela".
Am Film geet et ëm d'Liewen vun enger Fra, déi aus dem Cap Vert kënnt an an den aarme Quartieren zu Lissabon kämpft, fir z'iwwerliewen.