Zanter 175 Joer gëtt et d'Maîtrise Sainte-Cécile. Grond genuch, eng Expo doriwwer z'organiséieren.

D’Maîtrise Sainte-Cécile vun der Kathedral huet net just e grousse Repertoire, mä och eng laang Geschicht a kann op vill Evenementer a feierlech Concerte zréck kucken. D' Expo „Crescendo“ an de Nationalarchiven huet déi ganz Entwécklung vum Chouer festgehalen.

Expo iwwert Maîtrise nach bis de 5. Oktober
Zanter 175 Joer begleet de Chouer vun der Kathedral di grouss Etappen zu Lëtzebuerg. Elo kann een eng speziell Expo heiriwwer kucke goen.