Déi hollännesch Hafestad Rotterdam huet sech géint Maastricht duerchgesat.

Den Eurovision Song Contest (ESC) ass de 16. Mee 2020 zu Rotterdam. Och Stied wéi Amsterdam, Utrecht, Arnehm a Maastricht haten eng Kandidatur agereecht. Um Enn huet sech Rotterdam awer duerchgesat, woumat den ESC 2020 an der Ahoy-Arena wäert ze gesi sinn.

Holland ass dat nächst Land, an deem den ESC stattfanne wäert. Den hollännesche Sänger Duncan Laurence hat am Joer 2019 mat "Arcade" beim ESC 2019 gewonnen.

Déi zwou Halleffinallen an d'Finall wäerten an der Ahoy-Arena zu Rotterdam sinn, déi Sëtzplaze fir 16.000 Fans huet.