Op Twitter mellt de Centre Pompidou, dass een extrem traureg doriwwer wier, dass d'Rat, déi op e Schëld virum Musée gesprayt gouf, geklaut gouf.

Direkt beim Parking vum Centre Pompidou zu Paräis konnten d'Passanten, wann se opgepasst hunn, nach viru kuerzem e Konschtwierk vum weltbekannte Kënschtler a Streetartist Banksy bewonneren. Hei huet de Bansky nämlech am Summer 2018 eng vu senge charakteristesche Rat op e Schëld direkt virum Parking vum Centre Pompidou gesprayt a sollt un d'Evenementer vum Mee 68' erënneren.

© reddit

Wéi de Musée en Dënschdeg op Twitter matdeelt, gouf d'Wierk elo awer an der Nuecht virdru geklaut. Op der Foto kann een erkennen, dass hei wuel Persounen op d'Schëld geklomme sinn an d'Plack, op där d'Konschtwierk drop war, einfach demontéiert hunn.

Déi Responsabel vum Musée schreiwe weider, dass een extrem traureg driwwer wier, och wann engem d'Konschtwierk net gehéiert huet. Allerdéngs war een houfreg driwwer, dass de britesche Kënschtler de Paräisser Musée fir seng Konscht erausgesicht hat. Et gouf och eng Plainte wéinst "Degradatioun" deposéiert.

Ëmmer nees gi Konschtwierker vum Kënschtler geklaut, futti gemaach oder ewechgemaach. Eréischt Enn August gouf zu Dover e meterhéicht Wierk, dat op enger Fassade vun engem Gebai war einfach mat wäisser Faarf iwwermoolt.

Dacks ass guer net gewosst, dass et sech bei bestëmmte Wierker ëm de Bansky handelt. An dësem Fall war et awer gewosst, vill Leit schwätzen dowéinst kloer vu Vandalismus.

Bis haut ass jo net gewosst, wien genee hannert dem Bansky stécht, well hien oder hat seng Identitéit extrem geheim hält an sech och ni an der Ëffentlechkeet weist, respektiv extrem Precautiounen hëlt, wann den Artist mol eppes op der Strooss moolt. De Kënschtler gehéiert zënter e puer Joer zu deene gréissten a bekanntste Kënschtler an der Zäitgenëssescher Konscht, seng Wierker ginn dacks vir Rekordzommen a groussen Auktiounshaiser verkaaft.