Fir d'Rentrée 2019/2020 hu mer de Kulturhaiser am Land 3 Froe gestallt iwwer déi nei Saison.

3 Froen un de Steph Meyers, Direkter vun de Rotonden zu Bouneweg ...

Den Direkter Steph Meyers

  1. Wat ass d’Spezialitéit vun Ärem Haus?
D’Spezialitéit vum Haus ass keng Spezialitéit ze hunn, daat heescht oppe si fir alles, wat kulturell interessant kéint sinn. Dat mécht, dass mer eng transversal Programmatioun hunn, déi sech u Kanner an Erwuessener, Amateuren vum Lieu, de Konschtaddict, de Méloman oder den Theaterenthousiast, riicht.

"True Copy" am Mäerz 2020 / © Koen Broos

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?

Déi eenzeg richteg Äntwert op dës Fro ass natierlech ëmmer erëm: alles. Et kann een awer op e puer spezifesch Evenementer agoen, wou een den Focus kann aus spezifesche Grënn setzen.

  • Ons Theaterprogrammatioun fir en erwuessene Publikum – ënnert dem Label recommandé aussi aux adultes - mat héichwäertege Programmatiounen, déi derwäert sinn entdeckt ze ginn. Just ee Beispill fir dat ze verdäitlechen: True Copy am März 2020, deen déi faszinant Geschicht présentéiert vum hollänesche Konschtfälscher, deen iwwer 20 Joer déi ganz Konschtwelt bedrunn huet.
  • Ons Triennale jeune création, well et ons 5. Editioun ass, déi mir iwwer 10 Joer elo organiséieren an 2020 grouss opzéien.
  • Frankie Cosmos den 12/10/19 an Shannon Wright den 25/10/19 am grousse Sall vun der Rotonde 1, zwee Concerten, ganz einfach, well déi elo gläich sinn a mir ons dorobber freeën.

  1. Wéi e Kënschtler oder wéi eng Produktioun wéilt Der onbedéngt eemol an Ärem Haus programméieren?
Well mir éischter kleng sinn, an nach net sou bekannte Kënschtler oder Produktiounen programméieren oder produzéieren, hu mir net esou richteg de Probleem, dass mir net un déi Kënschtler kommen mat deene mir schaffe wëllen.

Ee vun deene rare Museker, deene mer awer hannendru lafen (fir awer op d’Fro ze äntweren): Four Tet. Vläicht an e puer Joer, fir d’Ouverture vun der zweeter Rotonde :-).

Triennials 13.2. - 31.5.2020 / © Bohumil Kostohryz

D'Visittekaart vum Haus:

Numm: Rotonden

Plaz: Place des Rotondes, Lëtzebuerg

Alter: Atelieren vun den CFL vun 1875-2000, 2007 fir d'éischt als Kulturzenter genotzt, fest Plaz no der Renovatioun zënter 2016

Gréisst: Diameter vun 150 Meter pro Rotonde - eng kann (nach) net genotzt ginn.