Fir d'Rentrée 2019/2020 hu mer de Kulturhaiser am Land 3 Froe gestallt iwwer déi nei Saison.

3 Froen un d'Nora Waringo, Direktesch vum Kulturhaus Nidderanven ...

Nora Waringo- Direktesch vum Kulturhaus Nidderaanwen

  1. Wat ass d’Spezialitéit vun Ärem Haus?
Eis Spezialitéit ass sécherlech eis Gréisst, déi bedéngt, dass mer eise Public zimlech genau kennen. Als eent vun dene klengste regionalen Kulturhaiser profitéiere mir dovun, dass mer kënne schnell op eng Demande reagéieren an anerersäits relativ gutt wëssen, wat mer genau dem Public Neies kënnen zoutrauen.  Mir hunn eng Programmatioun, déi vill op d’Famill als Ganzt ausgeluet ass, d.h. dass mer gäre Projeten ubidden, wou d’Elteren zesumme mat hire Kanner eppes erliewe kënnen.

Theater "Trouble affectif saisonnier" am Mee 2020

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?

Ech wëll näischt ervirhiewen, well ech domat d’Gefill kéint ginn, aner Projeten ofzewäerten, wat awer ganz einfach net gerechtfäerdegt wier. Wourops ech awer hiweise wëll, ass, dass mer eis Palette u Workshopen erweidert hunn an dëst Joer an deem Beräich vill Neies ubidden. An dat souwuel fir Kanner wéi Erwuessener. Mir hunn do eng extra Brochure, déi Ufank September erauskënnt.

© Natercia Rebelo

  1. Wéi e Kënschtler oder wéi eng Produktioun wéilt Der onbedéngt eemol an Ärem Haus programméieren?
D’Kirsten Boie giff ech gären eng Kéier bei eis invitéieren, well si a mengen Aen eng vun dene beschten zäitgenësseschen Kannerbuchautorinnen ass an eng ganz interessant Fra.

Objetstheater "Ei, Ei, Ei?!" mam Louisa Belvilacqua Februar/Mäerz 2020

Concert Pol Belardi's Force 11.10.2019

D'Visittekaart vum Haus:

Numm: Kulturhaus Nidderaanwen

Plaz:  145, route de Trèves    L-6940 Niederanven

Alter: 15.03.2008 opgaangen

Gréisst: Bis 125 Plazen