Et gouf sech nawell vill iwwert dem "Yves Kinnen" seng Campagne opgereegt, an där ënnert anerem kee Walrecht fir Autofuerer oder Männer gefuerdert gouf.

Provokant Facebook-Posts a Stroosse-Plakater hunn déi lescht Woche fir Gespréich gesuergt: "Kee Walrecht fir Autofuerer, kee Walrecht fir Leit ouni Hond oder kee Walrecht fir Männer!", war do ënnert anerem ze liesen.

© Facebook Yves Kinnen

E gewëssen "Yves Kinnen" , e politeschen Aktivist, stéing derhannert. Wat huet dat Ganzt ze bedeiten? Wëll dee wierklech d'Walrecht aschränken?

Op Facebook gouf sech opgereegt, et gouf driwwer diskutéiert, deels och ganz positiv an elo gouf opgekläert: et war eng Reklamm fir eng Ausstellung am Nationalmusée um Fëschmaart, déi de 27. September opgeet: Iwwer 100 Joer allgemengt Walrecht.

De Musée, also den MNHA, huet d'Campagne finanzéiert, zesumme mat der Chamber. D’Käschte fir den éischten Deel vun der Campagne waren am véierstellege Beräich. De Chamberpresident Fernand Etgen:

AUDIO: De Chamberpresident Fernand Etgen iwwert dës Campagne

De Kulturministère kann novollzéien, datt dat net jidderee verstanen huet, mä d’Zil wier erreecht.