Fir d'Rentrée 2019/2020 hu mer de Kulturhaiser am Land 3 Froe gestallt iwwer déi nei Saison.

3 Froen un de Jérôme Konen, Direkter vum Kinneksbond Mamer ...

Den Direkter vum Kinneksbond Mamer Jérôme Konen

  1. Wat ass d’Spezialitéit vun Ärem Haus?
Als regionaalt Kulturhaus hu mir eng pluridisziplinär Vocatioun – dat heescht dass et ons wichteg ass, dass all Konschtaart hir Plaz an dass all Zuschauer – vu kleng bis grouss – an engem breet gefächerte Programm säi Gléck fënnt. Allerdéngs, kann ee soen dass de Kinneksbond sech an deene läschte Jore besonnesch duerch säi variéierte Programm fir Jugendlecher, duerch interaktiv Produktioune mat territorialem Ancrage an dank enger fiffeger Danz-Selektioun en Numm gemaach huet.

Saison 1- mam Florence Minder 4.10.2019 / © Hubert Amiel

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?

Nom Welterfolleg vun Pss Pss, wäerten déi zwee lëschteg Clowne vun der Compagnia Baccalà de Public och dës Saison mat Oh Oh sécher zum Laache bréngen. Mat Hëllef vu Musek, Pantomimik an der universeller Sprooch vum Kierper liwwert déi naiv Koppel ee Gag nom aneren, ouni dobäi ee Wuert ze verléieren. (21.09.2019 um 20:00).

Fir d’Fans vu Netflix & Co, hu mir Saison 1: e spannend Theater-Stéck an 3 Episoden, an deem d’Schauspillerin Florence Minder mat zerstéierender Ironie d'Codë vun de Serien op den Aarm hëlt (04.10.2019 um 20:00).

De Choreograf Kader Attou, de Pionéier vum Hip-Hop a Frankräich, fënnt de Wee eng éischte Kéier op Lëtzebuerg. An Un Break à Mozart 1.1., begéine sech 20 Dänzer a Museker op der Bühn fir e vibrante an dach erstaunlechen Hommage un de Mozart. Urbanen Danz trëfft op Klassik! (23.11.2019 um 20:00)

"Un Break à Mozart" Kader Attou 23.11.2019 / © Pierre Meuniè

Nom Goethe sengem Werther, kënnt de groussaartege Philipp Hochmair – bekannt, ënnert anerem, aus dem Tatort a Vorstadtweiber – dëst Joer mat engem anere Klassiker, dem Kafka sengem Proceß, zeréck op Mamer (11.12.2019 um 20:00).

Zirkus-Amateure sollten op kee Fall den australeschen Ensemble Circa verpassen, dee Humans wäert presentéieren: eng spektakulär Show. Akrobatik um héchsten Niveau (29.05.2020 um 20:00).

Den Zyklus „Hannert dem Rido“ gëtt och dës Spillzäit dem Publikum nees d'Méiglechkeet d'Bühn ze betrieden, ganz no un de Kënschtler drun ze sinn an sech vum Talent vun der nationaler Musekszeen ze iwwerzeegen (ab dem 25.09.2019 um 19:00).

"Humans" Ensemble Circa 29.5.2020 / © Pedro Greig

  1. Wéi e Kënschtler oder wéi eng Produktioun wéilt Der onbedéngt eemol an Ärem Haus programméieren?
De Romeo Castellucci, ee vun deene gréissten europäesche Regisseuren, war 2017 zwar schonn eemol am Kinneksbond, mee zu enger weider Collaboratioun mat dësem Visionär géing ech natierlech net nee soen.

Ee Stéck dat mech an deene läschte Joren am meeschten touchéiert a markéiert huet war NachlassPièces sans personnes vum Berliner Ensemble Rimini Protokoll. De Stefan Kaegi huet an dëser Produktioun 8 Persoune begleet, déi dem Doud no sinn a sech mat hirem materiellen a immateriellen Héritage auserneesetzen. An Zesummenaarbecht mam Bühnebildner Dominic Huber sinn esou 8 Raim entstanen, déi nom Doud vun de Protagonisten, erziele wat vun engem Mënsch bleift, wann en net méi do ass. En Stéck ouni Schauspiller an deem d’Absence den Haaptduersteller ass. Mee e ganz groussen Theatermoment, deen ech och ganz gären eemol mat mengem Public géif deelen.

Compagnia Baccala "Oh Oh" Optakt vun der Saison 21.9.2019 / © Djamila Agustoni

D'Visittekaart vum Haus:

Numm: Kinneksbond

Plaz: Mamer 42, op der Areler Strooss

Alter:  2010 opgaangen

Gréisst: Grousse Sall mat 434 Plazen. De Foyer huet 258m2.