Um Samschdeg ass eng méi lass an der Patton-Stad. Den 3. "Ettelbrooklyn Street Fest" lackelt d'Visiteure mat 12 Artiste-Gruppen an originellem Iessen.

De Samschdeg, de 14. September 2019, ass et nees esouwäit: D'Stad Ettelbréck verwandelt sech op en Neits an en Open-Air-Theater.

12 Artiste-Gruppen aus Lëtzebuerg an Europa bidden de Spectateuren eng vast Palett un Animatiounen un, wéi zum Beispill Loft-Akrobaten, Zirkusclownen oder live Concerten.

Ënnert den Artisten ass ënner anerem och den Edsun.

Portrait vum "Edsun" vum Sandy Elsen

Op der Place de la Libération gi Workshoppen ugebueden, déi dem Public Graffiti, Skateboard, Upcycling oder Serigraphie méi no brénge sollen.

D'Foussgängerzon steet dëst Joer ganz am Zeeche vun de "Walking Acts". "Jhemp Bont 007" a "Waldameisen auf Stadtgang" wäerte fir Begeeschterung bei Grouss a Kleng suergen.

Nieft de villfältege Showen dréit och d'Iessen an d'Gedrénks zum "Ettelbrooklyn Fever" bäi. Lokal Veräiner verkafen ofwiesslungsräich Kreatiounen - och fir Vegetarier a Veganer ass gesuergt.

Organiséiert gëtt d'"Ettelbrooklyn Street Fest" vum "Ettelbruck City Tourist Office", dem Cape an der Stad Ettelbréck.

Den Entrée ass fräi.

Méi Informatiounen zum Evenement am offizielle Schreiwes an op www.ettelbruck.lu.