De Wörthersee-Stadion an Éisträich, dee Plaz fir 30.000 Spectateuren huet, ass neierdéngs den Ausstellungsuert fir d'Konscht-Installatioun "For Forest".

De Konschtvermëttler Klaus Littmann huet 299 Beem do geplanzt, wou normalerweis den SK Austria Klagenfurt Futtball spillt. Mat Bléck op d'Bëschbränn am Amazonas hätte sech de Littmann an de Landschaftsarchitekt Enzo Enea kee besseren Zäitpunkt fir d'Ouverture vun hirem Konschtprojet kéinten eraussichen.

D'Konzept vereenegt vill ënnerschiddlech Aspekter: Kapitalismus, Klimawandel, Bësch a Profifuttball. Dowéinst ass et net verwonnerlech, dass den Tourismusverband zu Klagefurt der Meenung ass, dass "For Forest" de "gréisste Konschtprojet a ganz Éisträich" wier.

Ëmstridden ass déi ganz Aktioun allerdéngs schonn. D'BZÖ (Bündnis Zukunft Österreich), eng populistesch Grupp, kritiséiert de Bësch zanter Wochen, well d'Beem net géingen aus Kärnten kommen, mä aus Däitschland, Italien an der Belsch.

Nom 27. Oktober plënneren d'Planzen op den Uni-Campus, wou si ongestéiert weider wuessen dierfen. Rou hätten d'Beem zurzäit net, well ee si Dag an Nuecht muss bewaachen, fir dass si net vun de Konscht-Géigner ofgeholzt ginn.