Den Ensemble-Präis geet um Freideg zu Berlin fir dëst Joer un d'Acteure vun der Ko-Produktioun "Murer - Anatomie eines Prozesses".

Ënnert de Schauspiller hat ënnert anerem de Luc Feit eng Roll, ënnert aneren och de Marco Lorenzini, de Mickey Hardt, den Tommy Schlesser, de Michel Tereba an d’Sarah Lamesch.

De Film "Murer - Anatomie eines Prozesses" vum Christian Frosch erzielt d'Geschicht vum Prozess géint den éisträichesche Politiker a Groussbauer Franz Murer am Joer 1962, deen ee vun den Haaptresponsabele fir de Mord vu Judden zu Vilnius am zweete Weltkrich war. De Murer gouf 1963 fräigesprach.