Zanter 2 Joer gëtt am CNA un der Kollektioun "The contemporary Family of Man" geschafft, déi elo erweidert gëtt.

Den däitsche Konschtsammler Lutz Teutloff huet zanter Enn vun den 80er Jore Konscht kollektionéiert, bei där de Mënsch am Fokus steet. Bei enger Visitt zu Lëtzebuerg ass hien dunn op d'Expo "Family of Man" gestouss.

Eng Ekipp vu 16 Leit schafft un der Expertise, der Restauratioun an der Digitalisatioun vum Lutz Teutloff senger Sammlung. Zu där gehéieren 471 Wierker vun 195 Kënschtler.

© Romain Girtgen

D'Erausfuerderunge si ganz ënnerschiddlech: Am einfachste Fall misst just d'Surface gebotzt ginn, awer et kéint och virkommen, dass eng komplex Restauratioun misst virgeholl ginn. D'Aarbecht, déi nach an d'Fotoe muss gestach ginn, variéiert vu Wierk zu Wierk.

D'Iddi vum Teutloff war et, en Dialog tëscht der historescher an zäitgenëssescher Kollektioun ze erméiglechen. Dat eelsten Ausstellungsstéck staamt beispillsweis aus dem Joer 1968.
Béid Kollektioune sollen iwwregens och raimlech zesummegeféiert ginn. 2023 ass eng éischten Ausstellung geplangt, vis-à-vis vum Schlass zu Klierf.