De György Konrad gouf besonnesch duerch säi Roman "Der Besucher" international bekannt.

Den ungaresche Schrëftsteller György Konrad ass dout. Den Auteur ass e Freideg am Alter vu 86 Joer zu Budapest no schwéierer Krankheet gestuerwen.

Hien huet sech ëmmer erëm a senge Wierker mam Nationalsozialismus ausernee gesat an huet d'Zäit ënnert den Nazien doranner verschafft. Als Kand huet de Konrad den Holocaust iwwerlieft, vill vu senge Familljemembere sollten dat awer ënnert den Däitschen net maachen.

De Konrad gouf besonnesch duerch säi Roman "Der Besucher" international bekannt.