Um Dënschdeg den Owend war an der Philharmonie den Optakt vun der neier Saison.

Wéi gewinnt gouf dës vum OPL ageweit, dee vun e Mëttwoch un op grouss Südamerika-Tour geet.

Et ass déi éischte Kéier, dass de Lëtzebuerger philharmoneschen Orchester op eng interkontinental Rees a Südamerika geet: Brasilien, Argentinien an Uruguay stinn um Programm an eng RTL-Ekipp wäert si och heibäi begleeden.

Fir den Direkter vun der Philharmonie bitt dës Tournée eng Méiglechkeet, Lëtzebuerg a seng Kultur och di aner Säit vum Atlantik virzestellen.