Fir d'Rentrée 2019/2020 hu mer de Kulturhaiser am Land 3 Froe gestallt iwwer déi nei Saison.

3 Froen un de Carl Adalsteinsson, Direkter vum CAPE Ettelbréck ...

  1. Wat ass d’Spezialitéit vun Ärem Haus?
Diversitéit. De CAPE mat sengem ganz faarwege Programm ass an eiser Kulturlandschaft schonn eenzegaarteg, well den Numm vum Haus – Centre des Arts Pluriels – ass bei eis Programm. Et gi wéineg Etablissementer, wou Orchester, Theater, Oper, Musicals, Danz, nouveau cirque, Ausstellungen, Konferenzen plus e ganze Kannerprogramm op enger Plaz mat engem héijen Usproch u Qualitéit ugebuede ginn.

National Dance Company Wales 15/05/2019 / © Rhys Cozens

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?

Jidderee kann, wann ë wëll, bei jidder Manifestatioun oder Expo aus eisem Programm eppes Besonnesches fir sech entdecken. Dofir kann ech nëmme recommandéieren fir sech an eisem Newsletterverdeeler op cape.lu unzemellen oder eis op Facebook ze verfollegen, fir datt ee regelméisseg iwwert eise Programm informéiert gëtt. Dovunner ofgesinn, freeën ech mech, datt eise Konferenz-Zyklus Kulturgeschicht Lëtzebuerg mat neien Themen an di 2. Ronn geet, mir hunn an eiser erfollegräicher es’CAPE Music Club Serie 1 Owend bäigesat a last but not least ass während dem leschte Weekend vum Januar 2020 di 3. Editioun vun eisem internationalen a CAP’ella Stëmmefestival.

Puccini-Oper "Madam Butterfly" 23.11.2019 / © Rod Julian

  1. Wéi e Kënschtler oder wéi eng Produktioun wéilt Der onbedéngt eemol an Ärem Haus programméieren?
O, déi Lëscht kéint laang ginn, mee et gi jo och nach vill Saisonen ze programméieren. Allez, eng kleng Utopie op dëser Plaz, well mir ëmmer méi Leit kënne fir den zäitgenësseschen Zirkus begeeschteren: Cirque du Soleil géif ech gären eng Kéier op Ettelbréck invitéieren, virausgesat mir géifen op der Bühn an och am Sall bäibauen...dofir ginn et awer aner super Truppen aus dem Beräich Neien Zirkus, déi bei eis kommen.

Danceperados of Ireland: "Whiskey, you are the devil" 11.01.2019 / © Gregor Eisenhuth

Artemandoline & Lucie Horsch (Flûte) 19.01.2020 / © Danavan Leeuwen

D'Visittekaart vum Haus:

Numm: CAPE

Plaz: 1, place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbréck

Alter: 2000 opgaangen
 
Spezialitéiten: Musek, Theater, Musekstheater, Danz, Film, Konscht

© Pierre Weber