En Donneschdeg hunn d'Naturparken Our an Uewersauer a Presenz vun de Ministere Claude Thurmes a Lex Delles deen neie Festival virgestallt.

Mat der Nuecht an de Stären erwächt eng aner Welt. Nuetsaktiv Déieren a Planze weise sech, de Mënsch kritt awer dacks wéineg heivunner mat. An dofir organiséieren d'Naturparken -Our an Uewersauer elo Night Life and more. E spezielle Festival, deen och op d'Liichtverschmotzung opmierksam maache soll. Den Optakt ass elo am September, de Festival dauert bis Mee 2020. Simone Zanter vum Naturpark Our mat den Explikatiounen.

An all Gemeng vun den zwee Naturparke wäert och eng Manifestatioun stattfannen. De Programm riicht sech u jonk an al Awunner.  Mir wëlle weisen, datt den Naturpark och am Hierscht a Wanter eppes ze bidden huet an dofir maache mer de Programm och bewosst an der Joreszäit.